Safe the Date
Hei fann Dir Datumer vun Concerten an aneren Evenementer vun der Lëntgener Uergelfrënn:
- 08. Oktober 2023: Concert 10 Joer Lëntgener Uergelfrënn
- 01. November 2023: Kaffisstuff
News
Hei fann dir méi genau Infoen zu deenen nächsten Evenementer:
Uergelconcert
10 Joer Lëntgener Uergelfrënn
Den 08. Oktober 2023 féieren d’Lëntgener Uergelfrënn hier 10 Joer.
Heifir invitéieren mir Iech ganz häerzlech op e speziellen Uergelconcert,
den 08 Oktober 2023 um 17 Auer
zu Lëntgen an der Kierch.
Et spillen d’Stéphanie Duprel op der Uergel ann den Orchester AD LIBITUM.
Um Programm stinn Wierker vun Bach, Händel a Vivaldi.
Den Entrée ass fräi.
Mir freeën eis schon
Iech op dësem Rendez-Vous
kennen ze begréissen!
Ensemble Ad Libitum
Kaffisstuff
Allerhellegen ass en Dag, wou déi al Lëntgener, fir kuerz Zäit nees heem op de Kierfecht kommen an do bekannt Gesiichter erëm gesinn.
D’Uergelfrënn Lëntgen invitéieren Iech
den 01. November 2023 no der Griewerseenung
an d’Veräinshaus op hier traditionell Kaffisstuff,
fir al Erënnerungen bei Kaffi, Téi a Kuch opzefrëschen.
Mir freeën eis Iech op der Kaffisstuff kennen ze begréissen!