![]() |
|||
|
|||
![]() |
|||
D'Lëntgener Uergel gouf 1984 vum Westenfelder gebaut. Ufangs stoung se rechts op der Säit an ass dunn spéider bei der Restauréierung vun der Kierch an den Chouerraum geréckelt ginn, wou se nach bis haut steet. De gréissten Deel vun hire Päifen sinn aus der ieweschter Uergel geholl ginn, fir Suen ze spueren. Mee Regësteren ewéi d'Posaun 16' an d'Vox Humana si ganz nei derbäi komm. Déi wulsteg "Unterlippen" an déi mat Fächermotiven verziert "Labialschilder" vun den Holzpäifen ginn dem Prospekt eng typesch Note an dem Toun eng besonnesch Klangfaarw. 30 Joer laang ass ganz weineg un der Lëntgener Uergel gemach ginn. Am eischten veierel vum Joer 2014 ass se dunn renovéiert ginn, an konnt erem an neiem Klang Ouschteren 2014 erklengen. An den 5. Oktober 2014 ass se dann och offiziell ageweiht ginn. |
|||
![]() |
|||
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
||
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
||
![]() |
![]() |
![]() |