Safe the Date
Hei fann Dir Datumer vun Concerten an aneren Evenementer/Feierlechkeeten vun der Lëntgener Uergelfrënn oder wou d’Lëntgener Uergel zum Asaz kennt:
- 15. Mäerz 2026: Concert RMVA
- 11. Abrëll 2026: Lëntgener Kommunioun
- 22. Juni 2026: Virowend Nationalfeierdag
- 04. Oktober 2026: Uergelconcert
- 10. Oktober 2026: Journée Commémorative
- 01. November 2026: Kaffisstuff
- 21. November 2026: Cäecillienmass
- 24. Dezember 2026: Krëschtmetten
News
Hei fann dir méi genau Infoen zu deenen nächsten Evenementer:
Am Kader vun de Rencontres musicales de la vallée de l’Alzette (RMVA)
fënnt den 15. Mäerz um 17.00 Auer
e Concert mam Orchester „Les Goûts Réunis“
an der Lëntgener Kierch statt.
Loosst Iech mat hinnen an de franséischen Barock entféieren.
weider Infoen: https://rmva.lu/concert/au-temps-de-louis-xiv/
Au Temps de Louis XIV
Aal News
Hei fann dir méi genau Infoen zu den vergangenen Evenementer:
Matinée Musicale 2026
Mir lueden Iech häerzlech an
op eis Matinée Musicale,
den 08. Februar 2026 um 16h00
zu Goussel an der Kapell.
Solist ass de Lynn Gloden um Saxophone, begleet op der Uergel vum Marc Loewen.
Um Programm sti Wierker vu J.S. Bach, William Byrd, Hans-André Stamm, Astor Piazzola, etc.
Den Entrée ass fräi!
Mir freeën eis schon
Iech op dësem Rendez-Vous
kennen ze begréissen!
Op Helleg-Owend,
den 24. Dezember 2025 um 18.15 Auer
invitéiert d’Lëntgener Chorale
iech op hir Adventsfënster.
Lass geet et um 18.15 Auer
mat bekannte Chrëschtlidder
fir mat ze sangen.
Um 19.00 Auer sinn d’féierlech
Chrëschtmetten bei deenen
d’Uergel net fehlen dierf.
No der Mass gëtt et
Glühwäin mat Kichelcher!
Freet iech op e flotte Moment!
Adventsfënster 2025
Chrëschtconcert
Den 22. Dezember 2025 um 19.00 Auer
invitéiert Iech d’“Commission
des Affaires Culturelles Lintgen“
an d’Lëntgener Kierch
op de Chrëschtconcert
„AnthemSingers & Friends“
Um Programm stinn
traditionell Chrëschtlidder.
Op der Uergel sinn de
Marc Loewen a Michel Krier.
Den Entrée ass fräi.
Freet iech op e flotte Moment!
Cäeciliemass 2025
Den 22. November 2025 um 19.00 Auer
gestalt d’Lëntgener Musek zesummen
mat der Lëntgener Chorale
d’Cäeciliemass zu Lëntgen.
Um Programm steet nieft der
“Missa pro Pace”
vum Daniele Carnevali,
den “Jubilee Fanfare” vum Ivo Kouwenhoven
an nach villes méi.
Freet iech op e flotte Moment!
Kaffisstuff
Allerhellegen ass en Dag, wou déi al Lëntgener, fir kuerz Zäit nees heem op de Kierfecht kommen an do bekannt Gesiichter erëm gesinn.
D’Uergelfrënn Lëntgen invitéieren Iech
den 01. November 2025 no der Griewerseenung
an d’Veräinshaus op hier traditionell Kaffisstuff,
fir al Erënnerungen bei Kaffi, Téi a Kuch opzefrëschen.
Mir freeën eis Iech op der Kaffisstuff kennen ze begréissen!
Concert Orgue,
Violon et Soprano
Mir lueden Iech häerzlech an
op eisen traditionelle Concert,
Sonndeg, de 05. Oktober 2025 um 17h00
zu Lëntgen an der Kierch (église St. Pierre Lintgen).
Solisten sinn d’Sopranistin Valérie Stammet an d’Géiistin Jehanne Strepenne.
Si gi begleet op der Uergel vum Rosch Mirkes.
Um Programm sti Wierker vu J.S. Bach, Georg Friedrich Händel, Jean-Baptiste Loeillet, etc.
Freet iech op e schéine musikalesche Moment!
Den Entrée ass fräi!
Mir freeën eis schon
Iech op dësem Rendez-Vous
kennen ze begréissen!
Nouveau Orgue à Lintgen
Den 13. Juni 2025 gouf
d’“Maison de l’orgue“, ageweit.
An dëser eemolegen Uergelfabrik
ass am groussen Event-Sall
eng Uergel vum Westenfelder ze fannen!
Ein deutsches Barockrequiem
Vox Luminis (B)
Am Kader vun de Rencontres musicales de la vallée de l’Alzette (RMVA)
fënnt den 16. Mäerz um 17.00 Auer
e Concert mam Orchester Vox Luminis (B) statt.
Dësen aussergewéinlechen Barockensembel presentéiert eis
„Ein deutsches Barockrequiem“ vum Johannes Brahms.
weider Infoen: https://rmva.lu/fr/agenda
Matinée Musicale avec Conférence
Mir lueden Iech häerzlech an
op eis Matinée Musicale mat Konferenz.
Den 02. Februar 2025 um 16h00
zu Goussel an der Kapell.
Solist ass de Pol Serra, begleet op der Uergel vum Marc Loewen.
Um Programm sti Wierker vu J.S. Bach, Girolamo Frescobaldi, William Byrd, etc.
Den Paul Derkum hält als kleng Interluden eng Konferenz ënnert dem Titel „Eis Kapell, e Stéck Gousseler Duerfgeschicht“ iwwert d’Gousseler Kapell an hir Uergel.
Den Entrée ass fräi!
Mir freeën eis schon
Iech op dësem Rendez-Vous
kennen ze begréissen!
Kaffisstuff
Allerhellegen ass en Dag, wou déi al Lëntgener, fir kuerz Zäit nees heem op de Kierfecht kommen an do bekannt Gesiichter erëm gesinn.
D’Uergelfrënn Lëntgen invitéieren Iech
den 01. November 2024 no der Griewerseenung
an d’Veräinshaus op hier traditionell Kaffisstuff,
fir al Erënnerungen bei Kaffi, Téi a Kuch opzefrëschen.
Mir freeën eis Iech op der Kaffisstuff kennen ze begréissen!
Concert Uergel a Saxophon
Mir lueden Iech häerzlech an
op eisen Uergelconcert mat Saxophon.
Den 06. Oktober 2024 um 17h00
zu Lëntgen an der Kierch.
Um Saxophon spillt d’Lynn Gloden, begleet op der Uergel vum Marc Loewen.
Um Programm sti Wierker vu Bach, Bédard, Glass, Ad Wammes, Torke, etc.
Den Entrée ass fräi!
Mir freeën eis schon
Iech op dësem Rendez-Vous
kennen ze begréissen!